D'Réimecher Guiden a Scouten invitéieren op hieren Tarte Flambée Owend am Scoutschalet zu Réimech 


Datum: 

Samschdes, den 18. Mee 2024 ab 19 Auer

Fir Iech unzemelle kënnt dir ganz einfach iwwert eisen Internetsite Är Formule "Tarte Flambée à volonté" bestellen. Dir kënnt sur Place aus verschidde Variante (och Vegetaresch) vun der Tarte Flambée auswielen, an daat esou laang bis dir genuch hutt. 

Kanner (bis 14 Joer)

 18 .00

/ Persoun (à volonté)
  • Tarte flambée (Verschidde Varianten)
  • Tarte flambée végétarienne (Verschidde Varianten)
  • Dessert (Tarte flambée sucrée)

Erwuessener

 25 .00

/ Persoun (à volonté)
  • Tarte flambée (Verschidde Varianten)
  • Tarte flambée végétarienne (Verschidde Varianten)
  • Dessert (Tarte flambée sucrée)

Ausserdem bidde mir eng grouss Auswiel u regionale Wäiner, Béier a Softdrinks un. D'Gedrénks ka sur Place bezuelt ginn. (Boer, Payconiq, Kredit- & Debitkaart).

Maacht elo hei Är Bestellung

Adress: Chalet vun de Réimecher Guiden a Scouten

80, Chemin de la Forêt
L-5517 Remich

Parking: CEFOS Center Remich

12, rue du Chateau
L-5516 Remich

Ëffentlechen Transport

Beim Guiden- a Scoutschalet steet eng limitéiert Unzuel u Parkplaaze fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit zru Verfügung. Mir géifen Iech allerdéngs bieden, sou wäit wéi méiglech op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen, oder mam Velo oder ze Fouss op eist Eventement ze kommen. 

Mir wëllen drop hiweisen, dass e befestegten a beliichten Treppelwee vun der Cité Buschland (via Parking CEFOS) bei eise Scoutschalet féiert. Beim Chalet stinn ausserdem Méiglechkeeten zur Verfügung, de Velo ofzestellen.

Den nächste Busarrêt ass Remich Corniche, hei fiert d'Buslinn 413 (Mondorf, Luxembourg-Gare Centrale) fort. 

Weider Informatiounen zur Buslinn fannt dir ënnert Mobilitéit.lu.

An address must be specified for a map to be embedded

Nohaltegkeet - Green Event


D'Réimecher Guiden a Scoute sëtze sech fir Nohaltegkeet an éng méi propper Emwelt an. Aus dësem Grond probéiere mir, eisen ekologesche Foussofdrok sou kléng wéi méiglech ze haalen, an eist Evenement sou nohalteg wéi méiglech ze gestalten. Eist Evenement gouf dofir mam Logo "Green Events" ausgezeechent. Heiduerch wëlle mir eist Engagement fir eng méi propper Emwëlt ënnersträichen.


Waat mir konkret dofir maachen

Regional & 
Bio-Produiten

Bei eisem Catering gräife mir zum groussen Deel op regional a biologesch Produiten zréck.

Offallkonzept

Op eisem Event haale mir den Offall sou geréng wéi méiglech. Do wou mir net op Verpackunge verzichte kënnen, recycléiere mir den Offall konsequent.

Transport

Eist Evenement ass ganz einfach a praktesch ze Fouss, mam Velo a mam Bus z'erreechen.